De Lëtzebuerger Museker Jimmi Harvey ass zeréck mat enger neier Single!

Fakten:
No engem gudden hallwe Joer huet den Jimmi Harvey seng nei Single "On & On" iwwert de Label Altro Moda Music erausbruecht. D'Vocals vum Song komme vum iresche Sänger Rion S. Déi Zwee kennen a supporte sech scho méi laang an hunn dunn decidéiert op "On & On" zesummenzeschaffen. Beim Lauschteren héiert een op allefalls dem Jimmi seng musikalesch Vergaangenheet eraus. Anescht ewéi bei deene leschten Tracks huet hien hei nämlech och richteg Instrumenter ewéi Gittar oder e prägnante Bass verschafft. Freet iech op laid-back Feel-Good-Vibes!

Aussergewéinleches:
Den Jimmi Harvey huet och immens vill Aarbecht an de Musek-Video vun "On & On" gestach. Dësen huet hien zesummen mam Amii Watson hei zu Lëtzebuerg an awer och an engem alen DDR-Bungalow zu Berlin opgeholl. De Video kéint een duerchaus als "familiär" beschreiwen, well ganz vill Leit aus dem Jimmi sengem enken Ëmfeld, zum Beispill säi Papp, matgewierkt hunn. Inspiréiert ass en iwweregens zum Deel vum grousse Film-Klassiker "Forrest Gump".

Fréier Hits:
Vu Metal iwwer Rock bis hin zu Indie-Pop - den Jimmi Harvey huet scho ganz vill verschidde Stiler a senger Karriär gespillt. Ënnert anerem kennt een hien och duerch Angel At My Table oder Austinn. Och wärend senge fréiere Projeten huet den Jimmi awer ëmmer elektronesch Musek gelauschtert an ass aktuell beim House hänkebliwwen. Et wier dat wourop hie selwer de Moment Loscht hätt, ouni ze soen dass Jimmi Harvey de Projet vu sengem Liewe wäert ginn, esou de Museker.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Amii Watson, Bakermat & Lost Frequencies