Haut gëtt et déi nei Single vum Joel Corry an Zesummenaarbecht mam Mabel!

Fakten:
Um neie Song "I Wish" kommen zwee vun deenen ugesotsten Nimm aus Groussbritannien zesummen: Den Joel Corry an d'Mabel. Et sinn definitiv net d'Lyrics déi bei dësem Song erausstiechen, éischter de summerleche Sound an de catchy Dance-House-Beat deen ustécht. "I Wish" ass dann eventuell och déi nächst Single-Auskopplung vum Mabel sengem neien Album, dee bis elo awer weder Titel nach Release-Datum huet.

Aussergewéinleches:
Ier hien DJ ginn ass, war den Joel Corry un der Säit vu senger deemoleger Frëndin an der brittescher Reality-TV-Show "Geordie Shore" ze gesinn. Schwéier ze iwwersinn ass donieft, dass hie voll am Training dran ass. Déi Leidenschaft huet hien och genotzt fir eng eege Fitness-App "Joel Corry PT" an eng Mark fir Sportskleeder "Most Rated" op de Marché ze bréngen.
D'Mabel ass an enger musikalescher Famill opgewuess. Seng Mamm ass d'Neneh Cherry ("7 Seconds) a säi Monni ass keen aneren ewéi den Eagle-Eye Cherry ("Save Tonight").

Fréier Hits:
Esouwuel den Joel Corry ewéi och d'Mabel konnten an deene leschte Jore grouss Erfolleger feieren. De Corry konnt säin Duerchbroch mat "Head & Heart" feieren. Duerno koumen Hits ewéi "Bed" oder aktuell och "Out Out". "Don't Call Me Up", "Mad Love" oder "Boyfriend" sinn e puer vum Mabel sengen erfollegräichste Solo-Tracks. Och op Kollaboratiounen ewéi "God Is A Dancer" mam Tiësto oder "Tick Tock" mat Clean Bandit an dem 24kGoldn konnt hatt iwwerzeegen!

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Tiësto, David Guetta, Raye, Jax Jones & Becky Hill