Haut am Xclusiv presentéiere mir iech déi nei Single vum Bruno Mars an Anderson Paak, alias Silk Sonic.

Fakten:
De Bruno Mars an den Anderson. Paak hunn am Mäerz dëst Joer de Duo "Silk Sonic" gegrënnt. De Numm koum iwwregends vum legendäre Bootsy Collins. Dementspriechend sinn och hir Songs un der Retro-Traditioun vun de Lovesongs aus de 60er/70er-Joren inspiréiert. No Leave The Door Open an Skate sinn si elo mat hirer drëtter Single "Smokin' Out The Window" zréck.

Aussergewéinleches:
Ufank Oktober hu Silk Sonic den 12. November als Release-Datum vun hirem Debutalbum An Evening With Silk Sonic confirméiert. Ufanks huet den Duo gesot, dass ee sech beim Schaffen kee Stress wéilt maachen an dass den Album wahrscheinlech eréischt 2022 soll erauskommen. Dass en schonn dëst Joer erauskënnt, freet d'Fans also ëmsou méi.

Fréier Hits:
Esouwuel de Bruno Mars wéi och den Anderson Paak si keng onbekannt Nimm. Alle béid hunn an de leschte Joren etlech Präisser gewonnen a Millioune vun Alben verkaaft. Och hire Projet Silk City kënnt bei de Fans gutt un, sinn hir zwee éischt Singles Leave The Door Open an Skate bis haut eleng op Spotify zesummen iwwer 700 Millioune Mol gestreamt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Jason Derulo, Seah Kingston, GoldLink