Haut am Xclusiv presentéiere mir iech déi nei Single vum David Guetta, deen sech alt nees vill prominent Ënnerstëtzung mat an d'Boot geholl huet.

Fakten:
Den David Guetta huet mëttlerweil 54 Joer an zielt nach ëmmer zu den erfollegräichsten DJs a Produzenten eiser Zäit. Dëst Joer gouf hien vum DJ Mag Magazine fir déi drëtte Kéier zum Number 1 DJ in the World gewielt. Zanter sengem weltwäiten Duerchbroch am Joer 2009 huet hien iwwer 100 Millioune Placke verkaaft an mat Nimm wéi dem Sia, John Legend a Bruno Mars zesummegeschafft.

Aussergewéinleches:
De Song handelt dovunner, dass een am Laf vu sengem Lierwen Kolleegen fënnt, déi een irgendswann zu senger Famill zielt. I don’t got friends, I got family heescht et am Refrain vum Song. Den Term Famill ass also net just op déi biologesch Memberen bezunn. Wéinst den Evenementer aus de leschten 18 Méint an dem Zesummenhalt ënnerteneen si mir am Joer 2021 nämlech alleguer zu enger eenzeger grousser Famill ginn.

Fréier Hits:
Den David Guetta an d'Bebe Rexha hunn an der Vergangenheet schonn d'Hits Hey Mama (2015) an Say My Name (2018) produzéiert. Et war eng Zesummenaarbecht, déi reng zoufälleg zu stan komm ass. Béid Museker haten deemools nämlech am selwechte Studio opgeholl. Och den Ty Dolla $ign an A Boogie Wit da Hoodie sinn allen zwee Superstars déi aus der us-amerikanescher Hip-Hop/R&B Zeen net méi ewech ze denke sinn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Calvin Harris, Tiësto, Afrojack & Bob Sinclar