Haut am Xclusiv presentéiere mir iech déi neiste Kollaboratioun vum DJ-Trio Meduza.

Fakten:
Nom Song Paradise mam Dermot Kennedy mellen sech Meduza mat engen neier Kollaboratioun zréck. Tell It To My Heart un der Säit vum Hozier (Take Me To Church) ass eng danzbar EDM-Nummer, déi den gewinnt düstere Sound vum Trio bäibehällt. Wéi Meduza rezent an engem Interview erkläert hunn, froen si fir hir Kollaboratiounen bewosst Sänger, déi net am EDM-Beräich kënneg sinn. Esou forcéieren si d'Museker aus hirer Comfort-Zone auszebriechen fir esou frësche Wand an hir House-Tracks ze bréngen.

Aussergewéinleches:
Passend zu hirem Kënschtlernumm benotzt den Trio als Song-Cover ëmmer nees déi griichesch Gëttin Medusa. Hier Hoer bestinn awer net wéi an der Mythologie aus Schlaangen, mee aus Iwwerwaachungskamaraen. Fir déi dräi Italiener also eng kloer Kritick un eiser hauteger Gesellschaft.

Fréier Hits:
Den italienieschen DJ-Trio huet 2019 mam Song Piece of Your Heart den internationalen Duerchbroch gefeiert. Och um Eldo stoung d'Single virun zwee Joer un der Spëtzt vun de Jores-Airplaycharts. Et war also am Joer 2019 déi meescht-gespillte Single um Hitradio zu Lëtzebuerg. Och hir Kollaboratioun Paradise mam Dermot Kennedy huet et bis un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Alok, Joel Corry, James Hype & Goodboys