Haut presentéiere mir iech dem Lëtzebuerger WazToo seng nei Single "Low Lights"!

Fakten:
Well alleguer d'Bookings wärend dem Lockdown op eemol ofgesot goufen, hat de WazToo endlech emol eng Kéier genuch Zäit fir sech och eegene Produktiounen ze widmen. Zesumme mat engem Sänger an engem Songwriter huet hien seng Debut-Single "Low Lights" realiséiert. De Song ass e bësse méi düster a geet an d'Richtung vum Dance-Pop. D'Single kënnt iwwert Reload Music eraus, wat en Ënner-Label vu Sony Music ass. "Low Lights" ass e Song an deem et ëm d'Nuetsliewe geet. Et léiert een owes um Dancefloor eng Persoun kennen, verbréngt den Owend mat hir an hofft dee Moien duerno déi Persoun iergendwann erëmzegesinn, wat natierlech quasi ni geschitt.

Aussergewéinleches:
De WazToo dierft een hei zu Lëtzebuerg éischter aus der DJ-Zeen kennen. Zum Beispill huet hie schonn an der Rockhal an op alleguer deene grousse Festivallen hei am Land ewéi LOA an e-Lake gespillt. Och international huet hie schonn eng Partie héichkaräteg Locations a Festivallen opweises: Ministry of Sound, Nature One oder Ruhr-in-Love.

Fréier Hits:
"Low Lights" ass dem WazToo seng Debut-Single déi iwwert Reload Records erauskomm ass. Fir déi nächst Wochen a Méint sinn nach e puer weider Releases geplangt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Meduza, VIZE, Goodboys & Alok

Lauschtert eran!
RTL