Haut presentéiere mir nei Musek vum Oliver Tree!

Fakten:
Den Oliver Tree ass schonn e gelungene Kauz. Eegenen Aussoen no ass hien als Bouf vun Zirkusakrobaten opgewuess, eng aner Kéier huet hie behaapt dass seng Eltere Museker waren. Ahjo, mat 6 Joer huet hien eng ganz Symphonie geschriwwen an de Kanye West huet hie vu sengem Album "Donda" geheit. Anscheinend. Et weess een net genee wat ee beim Oliver Tree gleewe kann a wat net. Souwisou verkierpert hie mat sengen exzentresche Schi-Jacketten-Outfits an der Léift zu Trottinetten éischter eng Aart Konschtfigur, déi ebe gär Spiichten erzielt. A senger Musek verbënnt de Kënschtler Hip-Hop-Elementer mat Alternative. Seng aktuell Single "Life Goes On" handelt vun enger Bezéiung an där deen een Deel deen Anere schlecht behandelt. Gläichzäiteg gëtt et de Message, dass ee seng Zäit net mat toxesche Mënsche verschwende soll an dass d'Liewe weidergeet.

Aussergewéinleches:
Den Oliver Tree huet e ganz besonnescht Ritual viru Concerten. 5 Minutten ier hien op d'Bün geet, freet hie säi Manager wéi d'Stad heescht an där hie gläich optriede wäert. Duerno widderhëlt hien den Numm vun der Stad fir déi nächst Minutten!

Fréier Hits:
Am Juli 2020 huet den Oliver Tree säin Debut-Album "Ugly Is Beautiful" erausbruecht. Hei ware Songs ewéi "Cash Machine" oder "Let Me Down" drop.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Glass Animals, Twenty One Pilots & Dominic Fike