Déi jonk kanadesch Sängerin Tate Mcrae huet seng neiste Single "feel like shit" released.

Fakten:
Déi 18-järeg Musekerin a Sängerin Tate McRae ass zu Calgary a Kanada gebuer an huet schonn a ganz jonkem Alter ugefaange Musek ze maachen. Elo huet hat seng neiste Single "feel like shit" erausbruecht. D'Single ass ee ganz emotionaalt Lidd, an der d'Musekerin doriwwer schwätzt, dass et dacks schwéier ass eng Persoun goen ze loossen ier ee ganz dofir bereet ass.

Aussergewéinleches:
Am Joer 2015 huet d'Tate McRae bei der US-amerikanescher TV-Sendung "Youth America Grand Prix" déi zweet Platz kritt an dunn direkt am Joer 2016 déi drëtt Plaatz bei der Sendung "So You Think You Can Dance: The Next Generation".

Fréier Hits:
2017 huet d'Sängerin säin éischt Lidd selwer geschriwwen an op YouTube verëffentlecht. Am Abrëll 2020 hat déi Kanadesch Musekerin dann säi groussen Duerchbroch mat der Single "You Broke Me First", mat der hat sech international een Numm gemaach huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Alec Benjamin, Ruel, AJ Mitchell