Haut presentéiere mir iech déi nei Single vu OneRepublic!

Fakten:
Nodeems d'Band ronderëm de Ryan Tedder Enn August hiren aktuellen Album "Human" erausbruecht huet, ass elo déi nei Single "Sunshine" dobaussen. De Song ass en Deel vum Soundtrack vum Film "Clifford the Big Red Dog", an deem et effektiv ëm e riseg grousse rouden Hond geet... D'Lyrics verbreede positiv Vibes, a spillen op déi gutt Phasen am Liewen un, an deenen een no alleguer de Schwieregkeeten endlech erëm bësse Stabilitéit erreecht an einfach glécklech ass. An déi Positivitéit fënnt sech definitiv och am Sound erëm!

Aussergewéinleches:
D'nächst Joer feiere OneRepublic hiren 20-järege Jubiläum, ënnert anerem jo och den 21. Abrëll 2022 hei zu Lëtzebuerg an der Rockhal! De Ryan Tedder huet viru kuerzem iwweregens an engem Interview verroden, dass hien net wéilt, dass OneRepublic esou laang beieneebleiwe géifen ewéi zum Beispill d'Rolling Stones. Dat nächst Joerzéngt wier warscheinlech hiert Lescht, well hien net wéilt spillen bis Band-Memberen stierwen.

Fréier Hits: 
Ënnert anerem mat "Apologize" hu OneRepublic 2007 hire groussen Duerchbroch gefeiert, eng Grammy-Nominatioun a Plaz 1 a 16 Länner waren erausgesprongen. Mat "Human" hu si hire mëttlerweil fënneften Album erausbruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Imagine Dragons, Coldplay, Maroon 5 & Twenty One Pilots