Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vum DJ Tiësto zesumme mat der Sängerin Ava Max.

Fakten:
Den hollänneschen EDM-DJ Tiësto ass aus der elektronescher Musekszeen net méi ewechzedenken a gehéiert zu deene bekanntsten DJ'en am Moment. Elo huet hien sech fir seng neiste Single mat der jonker amerikanescher Sängerin Ava Max zesummegedoen an d'Single "The Motto" erausbruecht. D'Lidd ass eng typesch Eurodance Nummer, déi duerch dem Ava Max seng Power-Stëmm verstäerkt gëtt.

Aussergewéinleches:
Den Tiësto freet sech immens dass hie mam Ava Max zesummeschaffe kann, vue dass hat fir hien een aussergewéinlecht Talent ass a muss gefuerdert ginn. Den Tiësto mëscht näischt léiwer wéi als DJ opzeleeën. Dofir spillt hien och dacks fir ee gudden Zweck. Säin längste Set hat den DJ dann eng Kéier zu Amsterdam, wou hien 12 Stonnen non-stop Musek gemaach huet.

Fréier Hits:
Den Tiësto ass säit ville Joren an der EDM-Zeen doheem. An de leschte Méint ass hien dann duerch Lidder wéi "The Business" oder "Don't Be Shy" zesumme mam Karol G an den Charts opgefall. Och d'Ava Max ass net onbekannt an hat mat Lidder wéi "Everytime I Cry" an "My Head & My Heart" international berüümt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Axwell, Olivia Rodrigo, David Guetta