Haut stelle mer déi nei Kollaboratioun vum Robin Schulz an dem Dennis Lloyd vir.

Fakten:

Den däitschen DJ a Produzent Robin Schulz huet sech fir déi neiste Single"Young Right Now" mam israelesche Museker Dennis Lloyd zesummegedoen. Doraus ass eng typesch Robin Schulz Single entstanen, déi op kengem Dancefloor feelen dierf. An der Single geet et haaptsächlech dorëms, dass mir am Moment a ganz schwéieren Zäite liewen an dass een ob eise Planéit soll oppassen.

Aussergewéinleches:

Den Dennis Llyod hat dës Single eigentlech scho virun 10 Joer am Alter vun 18 Joer geschriwwen. Hien huet säit deem op de richtege Moment an op de richtege Produzent gewaart fir d'Single "Young Right Now" erauszebréngen.

Fréier Hits:

Am Joer 2019 hunn de Robin Schulz an an den Dennis Lloyd schonn eng Kéier zesummegeschafft an zwar fir dem Dennis Lloyd seng Single "Never Go Back". De Remix huet bis elo schonn iwwer 65 Millioune Streams op Spotify erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Lost Frequencies, David Guetta, Felix Jaehn