Déi spuenesch Sängerin huet fir déi éischte Kéier mam The Weeknd zesummegeschafft.

Fakten:

Déi nei Single "La Fama" vun der spuenescher Sängerin Rosalía an dem Star-Sänger The Weeknd ass eng Mëschung tëschent Latin-Beats an dem moderne Pop-Sound. De ganzen Text ass op Spuenesch gesongen an mëscht d'Lidd dofir nach eng Kéier bësse méi extra. Am Text sangen déi zwee Museker dovunner, wéi geféierlech et ka ginn berüümt ze ginn a wéi een domadder soll ëmgoen. Och déi negativ Punkte vum Berüümtsinn ginn am Lidd ugeschwat.

Aussergewéinleches:

Fir déi spuenesch Sängerin Rosalía ass et net déi éischte Kéier dass hat mat engem groussen anere Museker zesummegeschafft huet. Mat der Single "Con Altura" zesumme mam J Balvin an "TKN" mam Travis Scott huet hatt et bis ganz no uewe gepackt.

Fréier Hits:

Zesummen haten den The Weeknd an d'Rosalía nach keng Hits mee allen zwee stoungen se well mat enger Rei Hits ganz uewen an de Charts. Den The Weeknd hat zum Beispill mam Lidd "Blinding Lights" säi gréissten Hit an och säin Duerchbroch.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Mala Rodríguez, Drake, Travis Scott