Den DJ Acraze huet seng neiste Single "Do It To It" released.

Fakten:

Den DJ a Produzent Acraze huet sech an dene leschte Joren een Numm op deene groussen EDM-Festivallen gemaach. Fir seng nei Single "Do It To It" huet hien sech un engem Hit aus dem Joer 2006  vun der Band Cherish inspiréiert an dëse gesampelt. Erauskomm ass eng modern bësse méi basseg R&B Single déi een direkt an all Club ka mat danzen.

Aussergewéinleches:

Wéi vill aner Lidder huet och dës Single säin Duerchbroch an der moderner Versioun op TikTok gehat. Hei gouf d'Lidd schonn a Millioune Videoe benotzt fir nozedanzen. OP Spotify huet d'Lidd doduerch warscheinlech och schonn iwwer 47 Millioune Streams erreecht.

Fréier Hits:

Am Joer 2017 hat den Acraze seng Debutsingle "Pull Up" released an am Joer 2018 d'Single "2 The Brain". An dësen huet hien Dubstep mat verschiddenen aneren elektronesche Museksrichtunge vermëscht huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

DJ Snake, Skrillex, Wax Motif