De kanadesche Rapper bbno$ ass zeréck mat engem neien Track zesumme mam Rich Brian.

Fakten:

De kanadesche Rapper bbno$ ("baby no money") huet sech fir säin neisten Track mat sengem indonesesche Kolleg Rich Brian zesummegedoen an d'Single "Edamame" released. De Rich Brian huet och scho mat groussen DJ'en wéi dem DJ Snake a Rick Ross zesummegeschafft. D'Single "Edamame" ass ganz am Stil vum bbno$ sengem Rap-Style. Ënnermoolt gëtt dann d'Single vu relaxen Hip-Hop Beats a witzege Lyrics.

Aussergewéinleches:

De Rapper seet selwer vun sech, dass hien d'Liewen net esou ganz serieux hellt an och mol deen engen oder anere Witz mat abaut. Säi Markenzeeche wier et, dass villes a senger Musek einfach witzeg an satiresch ze gesi wier. Sou koum et dann och dass säin neie Song no dem Iesse benannt ass, wat hien amgaang wat z'iesse wéi hien déi éischt Zeile geschriwwen huet.

Fréier Hits:

Am Joer 2019 hat de bbno$ säin Hit "lalala" released, mat dem hien op TikTok ee vun deene gréissten Hits hat. Am Oktober ass dann och säin aktuellen Album "eat your veggies" erauskomm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Jakey, Joey Trap, Yung Gravy