Haut stelle mer dem Justus Bennetts seng aktuellste Single "Cool Kids" fir.

Fakten:

Den 21 Joer ale Singer a Songwriter Justus Bennetts ass berüümt dofir, dass en verschidde Museksrichtunge matenee vermëscht. Nodeems hie schonn d'Single "Bad Days" erausbruecht hat, ass elo de Nofollger "Cool Kids" released ginn. Am Lidd geet et dorëms, dass vill jonker Angscht an hirem Liewen hunn net esou cool ze si wéi aner Jugendlecher an hirem Alter.

Aussergewéinleches:

De Museker Justus Bennetts hat en Teaser fir d'Single op TikTok an Instagram gepost deen direkt viral gaangen ass a méi wéi 10 Millioune Views krut. An Zukunft soll dann och dem Bennetts seng éischt EP erauskommen. De Museker sot dann och nach an engem Interview dass hien sech géif wënschen eng Kéier mam Post Malone op Tour ze goen.

Fréier Hits:

E vum Sänger sengen éischte Songs war d'Lidd "Nightstand" mat dem hien op TikTok sech ee Numm gemaach huet. Mat deem Lidd hat hien et dann och bis op d'Platz 8 an den US Viral Charts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

sammy rash, Zach Hood, Austin George