De brittesche Sänger Years & Years huet déi nei Single zesumme mat den DJ'en vu Galantis released.

Fakten:

Fir déi ganz nei Single "Sweet Talker" huet sech d'Band Years & Years mat den DJ'en vum Kollektiv Galantis zesummegedoen. Erauskomm ass eng poppeg EDM Single déi d'Leit soll op d'Danzpisten zéien. Am Text geet et dorëms, dass een alles vun enger Persoun ka kréie wann ee charmant a frëndlech ass.

Aussergewéinleches:

Eigentlech gouf d'Band Years & Years am Joer 2010 vun 3  Museker gegrënnt. Säit 2021 ass d'Band awer just nach ee Solo-Projet vum Sänger Olly Alexander. De 7. Januar 2022 wäert dann och säin neien Album "Nightcall" erauskommen.

Fréier Hits:

Zu deene groussen Hits vun der Band Years & Years gehéieren ënnert anerem Lidder wéi zum Beispill "Starstruck", "Crave" oder "If You're Over Me". Galantis sinn international mat hirer Single "Runaway (U & I)" international berüümt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

RAYE, Mabel, Troye Sivan