Déi kalifornesch Sängerin Claire Rosinkranz ass zeréck mat enger ganz neier Single.

Fakten:

Déi 17 Joer al Sängerin Claire Rosinkranz huet no sengem Hit "Backyard Boy" aus dem Joer 2020 elo seng neiste Single "don't miss me" released. An der Single séngt d'Musekerin dovunner, dass hat sengem Häerz heiansdo net méi kann trauen an dofir léiwer riskéiert wat him d'Häerz brieche kéint. Et ass also eng ganz emotional a sentimental Single vun der kalifornescher Sängerin.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2020 huet d'Claire Rosinkranz  mat senger Single "Backyard Boy" de Präis fir de beschten Duerchbroch bäi den MTV Video Music Awards gewonnen. Seng EP "6 In A Billion" huet et ganz séier an de Millioune Beräich op Spotify gepackt a gouf weltwäit an d'Charts opgeholl.

Fréier Hits:

Säi gréissten Hit hat d'Sängerin definitiv mat de Singlen "Backyard Boy" an "Boy in a Billion". Mat dëse Lidder konnt hat sech international positionéieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

david hugo, ella jane, Maude Latour