Haut stelle mer déi nei Single "Can't Get Over You" vum DJ Gabry Ponte an dem Aloe Blacc vir.

Fakten:

Den italieneschen DJ Gabry Ponte huet sech fir seng neiste Single "Can't Get Over You" mam Grammy-Nominéierte Sänger Aloe Blacc zesummegedoen. Dobäi ass eng Dance-Pop-Single entstanen, déi vun engem relaxen House-Beat an engem einfache Refrain zesummegestallt ass. Am Text geet et dorëms, dass een seng Leidenschaft zu enger Persoun well bäibehalen an deemno souguer stäerken.

Aussergewéinleches:

Den Aloe Blacc ass niewent senger Grammy Nominéierung och duerch seng Zesummenaarbecht mam verstuerwenen DJ Avicii bei der Single "Wake Me Up" berüümt ginn. De Gabry Ponte war Matgrënner vun der Band "Eifel 65" déi am Joer 1998 mat hirer Single "Blue (Da Ba Dee) an allen Charts ze fanne waren a bis haut een Hit bliwwe sinn.

Fréier Hits:

Den DJ Gabry Ponte ass duerch Lidder wéi "Monster" an "The Passenger" an deene leschte Joren als Solo-DJ berüümt ginn. Den Aloe Blacc hat säi gréissten Erfolleg mat senger Single "I Need A Dolla" mat der hien a ville Länner iwwer Wochen oder Méint ganz uewen an den Charts stoung.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Prezioso, Gigi D'Agostino, CeeLo Green