Déi brittesch Rock-Band The Wombats ass mat ganz neier Single zeréck.

Fakten:

Déi brittesch Alternative-Rock-Band The Wombats ass mat hirer neier Single "Everything I Love Is Going To Die" zeréck. Am Lidd geet et dorëms, dass vill Saachen am Liewen net vu laanger Dauer sinn an een se dofir all Sekonn a Moment soll genéissen. An der Pandemie wier et hinne bewosst ginn, wéi séier et kéint eriwwer sinn a wéi wichteg et ass de Moment ze liewen.

Aussergewéinleches:

D'Single "Everything I Love Is Going To Die" ass déi véiert Auskopplung vum neien Album vun The Wombats. Dëse soll de 7. Januar 2022 ënnert dem Numm "Fix Yourself, Not The World" erauskommen. Den Album gouf wéinst der Pandemie net zesummen opgeholl mee leider jidderee fir sech.

Fréier Hits:

Den Duerchbroch haten The Wombats mat hirem Album "This Modern Glitch" aus dem Joer 2011. Mat dem stoungen si dann och an den UK Charts an den Top 3. Hiren drëtten Album "Glitterburg" stoungen si dann och an den US Billboard Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Kaiser Chiefs, Razorlight, Jamie T