Haut stelle mer iech déi nei Single vum Masked Wolf zesumme mat der Sängerin Bebe Rexha fir.

Fakten:

Fir seng neiste Single "It's You Not Me" huet de Masked Wolf sech Hëllef vun der Sängerin Bebe Rexha geholl. Eigentlech misst d'Sängerin d'Lidd och kennen, vue dass et eng nei Interpretatioun vu sengem Lidd "Sabotage" ass. Am Lidd geet et drëms, dass een an enger Bezéiung ni säin eegene Standpunkt soll verléieren an sech och mol heiansdo negative Situatioune stellen.

Aussergewéinleches:

Den Harry Michael alias Masked Wolf gesäit net aus wéi e Rapper. Seet hie selwer. Dat ass awer spéitstens dann egal, wann hien an de Studio geet a säi Kënne weist. Dohier kënnt och den Numm vum Rapper.  Am Studio léisst hien dann awer de Wollef eraus. Da kann hie weisen, wat hannert deem "normalen Typ" stécht a firwat him den internationalen Duerchbroch zougetraut gëtt.

Fréier Hits:

De Masked Wold ass duerch seng Single "Astronaut In The Ocean" op der ganzer Welt berüümt ginn. Mat dëser Single krut de Rapper dann och 4 Gold-Schallplatten a 14 Platin-Schallplatten. D'Bebe Rexha kennt een dann zum Beispill duerch Lidder wéi "In The Name Of Love" oder "Me, Myself & I" mat deenen hat weltwäit ganz uewen an den Charts stoung.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Ekoh, Vin Jay, Chris Webby