D'Sängerin ass zeréck mat enger Neioplo vu sengem Hit "Frozen"

Fakten:

D'Madonna huet sech fir seng "nei" Single "Frozen" mam kanadesche Rapper a Produzent Sickick zesummegedoen. Dobäi ass dem Madonna seng Single an enger bësse méi moderner an elektronescher Versioun erauskomm. Et ass d'Joer vun de Remaken an esou ass dann och dës Single een dovunner.

Aussergewéinleches:

D'Madonna huet d'Single "Frozen" am Joer 1998 fir déi éischte Kéier am Kader vu sengem Album "Ray Of Light" released gehat. Mam Museksvideo hat d'Sängerin och deemools ee MTV Music Award gewonnen a stoung op der Platz 2 vun de Billboard Charts an Amerika.

Fréier Hits:

D'Madonna ass definitiv net méi aus der Pop-Branche ewechzedenken. Säit den 1980er Joren an Hits wéi "Like A Virgin" oder "Material Girl" ass d'Sängerin ganz uewen ukomm. An Zwëschenzäit huet hat 14 Albe released an esouguer 7 Grammys gewonnen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Cher, Kylie Minogue, Spice Girls