No sengem Hit "Love Nwantiti" ass de Sänger CKay mat der neier Single zeréck.

Fakten:

Dem nigerianesche Rapper a Museker CKay seng neiste Single "Emiliana" huet bëssen dee selwechte Stil wéi seng Single "Love Nwantiti". Trotzdeem ass se bësse méi relax an och den Drum-Beat ënnermoolt dem CKay säi Gesang bësse manner wéi bei senger leschter Single. Ob dës Single déi éischt Auskopplung vun engem neien Album ass, ass awer nach net gewosst.

Aussergewéinleches:

Eigentlech war dem CKay säi Lidd "Love Nwantiti" scho virun 3 Joer erauskomm. Wéi bei villen anere Lidder gouf och dës réischt 2 Joer duerno duerch TikTok berüümt. Hei allerdéngs an der Remix Versioun mam DJ Yo! an Axel.

Fréier Hits:

De Rapper CKay hat am Joer 2019 säi gréissten Erfolleg mat der Single "Love Nwantiti" vu sengem zweeten Album "CKay the First". Mat deem Lidd goung hien am Joer 2021 op der Plattform TikTok viral a stoung iwwer Méint an den internationale Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Oxlade, Blaqbonez, L.A.X.