Haut stelle mer dem Shawn Mendes seng neiste Single vir.

Fakten:

Just e puer Wochen no der Trennung vum Camila Cabello huet de Shawn Mendes elo seng neiste Single "It'll Be Okay" released. Et ass eng ganz roueg a melancholesch Single an der den 23 Joer ale Museker warscheinlech och d'Trennung verschafft. Am Text séngt hien: "Vun der Zukunft, vun der mer gedreemt hunn, gesinn ech elo just nach schwaarz." Et ass also eng ganz emotional an déifgrënneg Single vum Museker.

Aussergewéinleches:

Nodeems de Shawn Mendes an d'Sängerin Camila Cabello op Instagram hir Trennung matgedeelt haten, hunn si awer och gesot, dass si trotzdeem wäerte Frënn bleiwen. Nodeems de Museker am Joer 2020 säi leschten Album "Wonder" erausbruecht hat, ass awer nach net gewosst ob "It'll Be Okay" elo schonn eng Single vun dem nächsten Album wäert sinn.

Fréier Hits:

De Shawn Mendes ass eigentlech duerch déi gemeinsam Single mam Camila Cabello "Senorita" bekannt ginn. Mat dëser stoungen si international iwwerall ganz uewen an de Charts.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

ZAYN, Lilam Payne, Niall Horan