De brittesch-norwegeschen DJ Alan Walker ass zeréck mat enger ganz neier Single.

Fakten:

De 24-järege brittesch-norwegeschen DJ Alan Walker huet sech fir seng neiste Single "Man On The Moon" mam schwedesche Sänger Benjamin Ingrosso zesummegedoen. Dobäi ass eng Single erauskomm, déi bësse méi relax a lues ass wéi een dat aus dem Alan Walker senge fréiere Singlen gewinnt ass. D'Single huet éischter bësse méi chill Vibes wéi dass et  lo eng Party-Hymne ass.

Aussergewéinleches:

Den Alan Walker ass erréischt säit 2016 als DJ ënnerwee. Mee trotzdeem hat hien direkt a sengem Debut-Joer eng Welttournée. Och an dem Joer huet hien seng Single "Faded" released, déi op der ganzer Welt berüümt ginn ass an als erfollegräichste Single aus Norwege gëllt.

Fréier Hits:

Den Alan Walker ass an der internationaler DJ-Zeen mat Lidder wéi FadedBelievers oder On My Way berüümt ginn. Den Imambek krut souguer schonn ee Grammy fir säi Remix vum Lidd Roses mam SAINt JHN.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Mike Perry, Martin Jensen, Cheat Codes