De franséischen DJ Bob Sinclar ass zeréck mat enger neier Single.

Fakten:

De franséischen DJ Bob Sinclar ass säit e puer Joerzéngten am Museksbusiness als DJ ënnerwee. Elo huet hien sech mat der Sängerin Kee zesummegedoen an déi ganz relax a modern Single "D.N.A." released. D'Lidd ass eigentlech eng zimmlech entspaante Single mat engem groovege Beat, déi bësse kléngt wéi an de 90er Joren.

Aussergewéinleches:

Den DJ Bob Sinclar gehéiert zu deenen DJ an Europa déi am längste mat dobäi sinn. Hien huet am Alter vun 18 Joer ugefaangen opzeleen a Musek ze produzéieren. Am Joer 1998 huet hien dann säin éischten Album "Paradise" released. Säitdeem huet hien 13 Albe released. Säit 2013 ass awer kee neien Album méi eraus komm.

Fréier Hits:

De Bob Sinclar ass mat Lidder wéi "World Hold On" "Rock This Party" oder "Love Generation" weltberüümt ginn. Op Spotify huet hien op verschiddene Songs an Zwëchenzäit scho bal 100 Millioune Streams.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

David Guetta, Tiësto, Fedde Le Grand