De franséischen DJ-Trio Oden & Fatzo ass zeréck mat enger Single déi op kengem Dancefloor feelen dierf.

Fakten:

De William, Alex an Abel sinn déi dräi Museker, déi am Joer 2018 zu Paräis de Live-DJ-Trio "Oden & Fatzo" gegrënnt hunn. Mat hirer neier Single "Lauren" hunn si sech awer bëssen an eng aner Museksrichtung beweegt wéi een dat vun hinne gewinnt ass. "Lauren" ass eng funky relax Techno Single déi awer éischter Vibes aus den 80er Joren huet.

Aussergewéinleches:

Bei hiren Optrëtter kann et mol virkommen, dass DJ'en vun "Oden & Fatzo" an Astronaute Kostümer op der Bün stinn. Wärend hire Concerte spillen si dann haaptsächlech Lidder aus der Minimal, House oder funky Techno Richtung. Haaptsaach et kann ee gutt drop danzen.

Fréier Hits:

Mat hirem Track "Obi1 Kenobi" hunn dei dräi Museker hiren international Duerchbroch geféiert. Awer och Lidder wéi "Honeymoon" oder "Denver In The Sky" gehéiere fest zum Programm bei "Oden & Fatzo".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Theos, Salvatore Ganacci, Artmann