De britteschen Indie-Duo huet seng neiste Single "BACK ON TOP" released.

Fakten:

Den 2014 gegrënnten Indie-Duo HONNE huet sech fir hir neiste Single "BACK ON TOP" mat der Sängerin Griff zesummegedoen. Et ass awer net déi éischte Kéier dass déi dräi Museker zesumme geschafft hunn, deemools mat der Single "1.000000 X Better". Elo sinn si zeréck mat der Single "BACK ON TOP", enger bësse méi relaxer Electro-Soul Nummer.

Aussergewéinleches:

D'Single "BACK ON TOP" ass dann och um neien Album "Let's Just Say The World Ended A Week From Now, What Would You Do?" mat drop. Dësen Album hunn si am Joer 2020 komplett geschriwwen an och produzéiert, vue dass si jo do op eemol ganz vill Zäit haten.

Fréier Hits:

Den Duo HONNE ass duerch Lidder wéi "Location Unknown" oder "Day One" bekannt ginn. Och d'Sängerin Griff ass spéitstens mat sengem Hit "Black Hole" ganz uewen an der Musekswelt ukomm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

No Rome, LANY, joan