De Berliner Duo twocolors ass zeréck mat hirer ganz neier Single "Feel It 2".  

Fakten:

Den däitschen DJ-Duo twocolors huet sech am Joer 2015 gegrënnt an huet sech elo fir hir neiste Single "Feel It 2" mam britteschen Newcomer Georgie Keller zesummegedoen. An dëser Dance-Single suergen d'Beats an d'Melodien dofir, dass dësen Hit de Leit direkt an den Oueren hänke bleift. Eigentlech ass et de Sound deen ee vum Duo gewinnt ass an dann nach vum Georgie Keller senger Stëmmer ënnermoolt gëtt.

Aussergewéinleches:

Bis twocolors hir 1. Single "Lovefool" erausbruecht hunn, hu ganz wéineg Leit si kannt. Mat deem Hit hunn si sech awer direkt queesch duerch Europa an d'Charts katapultéiert. 2019 hunn si mat der Rockband Rammstein zesummegeschafft an e Remix vun deenen hirem Lidd "Radio" produzéiert.

Fréier Hits:

Bis haut ass dann och d'Single "Lovefool" déi Single, déi vir dem Duo hiren Erfolleg zoustänneg ass. Den Georgie Keller ass dann awer éischter eréischt een Newcomer deen awer seng éischt Schrëtt mat senger Single "From Dusk Till Dawn" gemaach huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Imanbek, HUGEL, J Lisk