D'Becky G huet zesumme mat der leschter Staffel vun "Casa de Papel" eng nei Versioun vum Klassiker Bella Ciao erausbruecht.

Fakten:

Rout Overalls, Salvador Dali Masken a Gold. Dat misst allen Serië Fans ee Begrëff sinn. Natierlech geet et ëm déi erfollegräich Serie "Casa de Papel" bei der d'Titellidd "Bella Ciao" heescht. Dat Lidd aus dem 19. Joerhonnert huet d'Sängerin Becky G elo als nei a modern Versioun erausbruecht. D'Lidd dierft eigentlech zimmlech ville bekannt sinn, vue dass et net déi éischt modern Versioun vum Klassiker ass.

Aussergewéinleches:

Wéi een et dann och aus der Serie vu Netflix kennt, geet et beim Becky G a sengem Museksvideo och ëm ee perfekten Iwwerfall a wéi een esou eppes ausféiert. Aussergewéinlech ass dann dass dës Kéier d'Single dann am Latin-Pop-Genre released gouf.

Fréier Hits:

Déi US-amerikanesch Sängerin hat am Joer 2017 mat der Single "Sin pijama" säi gréissten Hit. Mat dëser stoung hat dann zum Beispill a Spuenien ganz uewen an den Charts a war a Latäin-Amerika 26 Wochen an den Charts vertrueden.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Lele Pons, Sofia Reyes, Mario Bautista