Haut stelle mer iech déi ganz nei Single vum Newcomer Nathan Morisson vir.

Fakten:

Den Nathan Morisson ass ee jonke Singer a Songwriter deen zu Mauritius opgewuess ass. Hien huet elo seng éischt Single "A Friend" released. D'Single huet immens relax Vibes a gëtt vun engem funky E-Bass trotzdeem ugedriwwen. Hien seet selwer, dass all Mënsch Frënn a Partner brauch, mat deenen een seng Problemer an awer och seng Léift deele kann.

Aussergewéinleches:

Den Nathan Morisson gouf hei am Land vum Produzent Tom Gatti ënnerstëtzt, deen d'Single "A Friend" mat produzéiert huet. Den Tom Gatti ass ee vun deene bekanntste Produzenten hei am Land a schafft an den Unison Studios zu Déifferdeng.

Fréier Hits:

Bis elo huet den Nathan Morisson nach keng Songs erausbruecht. Et ass dem Newcomer seng alleréischt Single déi hie professionell released huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Drife, James Arthur, Tame Impala