Eng ganz speziell Single vum The Weeknd zesumme mat der Sängerin Aaliyah.

Fakten:

Virun 20 Joer ass d'Schauspillerin an R&B Sängerin Aaliyah bei engem Fliger-Accident gestuerwen. Elo ass déi nei Single "Poison" als posthumen Duett erauskomm. Vue dass et nach Lidder vun der Sängerin gouf déi nach net erauskomm ware gouf dës benotzt an zesumme mam The Weeknd eng nei Single doraus gemaach. Doduerch kann een d' Aaliyah nach eng kéier sangen héieren.

Aussergewéinleches:

Am Alter vun nëmmen 22 Joer ass d'Aaliyah am August 2001 an de Fliger geklommen an nach mat sengem Frënd telefonéiert. Hat war ënnerwee op den Dréi vum Museksvideo vun der Single "Rock The Boat". Kuerz nom Ofhiewen ass de Fliger erofgefall a leider sinn all déi 9 Passagéier ëm d'Liewe komm.

Fréier Hits:

Déi amerikanesch R&B Sängerin gouf duerch Lidder wéi "Are You That Somebody" oder "One In A Million" bekannt. Bis zu sengem Dout konnt d'Sängerin dräi Albe releasen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Brandy, Monica, Amerie