Haut stelle mer déi ganz nei Single vun der brittescher Sängerin Josie Proto fir.

Fakten:

Déi brittesch Sängerin Josie Proto kennt aus engem klengen Duerf an der Géigend vu Brighton. Mat 14 Joer huet d'Musekerin ugefaange selwer Lidder ze schreiwen. Mat der neier Single "Sticky Fingers" huet d'Josie Proto ee Lidd erausbruecht mat deem hat well erkläre wéi geféierlech et ass wann een sech an der Medienbranche als Mënsch verännert an doduerch eng nei Perséinlechkeet kritt.

Aussergewéinleches:

Als Kand huet d'Josie Proto ugefaange Gittar Coursen ze huelen an hat schonn ëmmer eng gutt Fantasie. Nodeems säi Monni him déi éischt CD geschenkt huet wollt hat onbedéngt an d'Museksbranche kommen.

Fréier Hits:

D'Josie Proto hat seng éischt Lidder am Joer 2020 erausbruecht. Seng éischt EP huet "PUB SONGS: Volume 1" geheescht an et ware 5 Lidder mat drop. Säit dem ass am Joer 2021 nach eng zweet EP released ginn an hat huet fir 2022 esouguer een Album ugekënnegt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Vistas, Katie Kittermaster, Lucy Spraggan