Sheek sinn zeréck mat hirer neier Single "High Hopes"

Fakten:

Sheek ass een Duo, deen aus dem lëtzebuergesche Museker a Produzent Sérgio Manique an sengem amerikanesche Kolleeg Jordan besteet. No der Single "M.I.A" hunn si elo hir zweet Single mam Numm "High Hopes" released. Am Lidd mierkt een dann awer och dass déi zwee Museker sech a Kalifornien wuelfillen an dat loossen si an hir Musek afléissen.

Aussergewéinleches:

Och wann de Sérgio eigentlech Lëtzebuerger ass, huet hien eng ganz laang Zäit zu Los Angeles gelieft, wou hien dann och de Jordan kennegeléiert huet. Vue dass hie wéinst der Corona-Pandemie am Moment awer net an Amerika kann areesen, schafft de Sérgio vill vun hei aus an huet och nach eng Rei Projeten niewend Sheek.

Fréier Hits:

Mat hirer éischter Single "M.I.A déi si ënnert dem Numm Sheek erausbruecht hunn, konnten den Sérgio an den Jordan hei am Land definitiv Fouss faassen an hir Single ass immens gutt ukomm.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Iceleak, Shavi, MARC