Haut stelle mer fir Hellegowend mol eng Chrëschtdagssingle vum Tim Atlas vir.

Fakten:

Den Tim Atlas ass ee kalifornesche Singer a Songwriter deen eigentlech am Indie-Pop an R&B doheem ass. Am Joer 2015 huet de Museker bei der Fernseesendung "The Voice" matgemaach an huet doropshin am Joer 2018 seng éischt EP erausbruecht. Elo huet hie fir d'Feierdeeg eng ganz nei Single mam Numm "Christmas Coffee" released. Definitiv eng Single déi ee wärend de Feierdeeg relax lauschtere kann.

Aussergewéinleches:

Den Tim Atlas deen als Tim Ferguson zu Oakland gebuer asswar bei der néngter Staffel vun "The Voice" mat dobäi. Bei dëser Sendung hat hien säin éischten Optrëtt mat der Ed Sheeran Single "Give Me Love". No der 7. Folge gouf hien dann an d'Team vum Pharrell Williams opgeholl. Leider war an der 19. Folge fir de Museker awer Schluss.

Fréier Hits:

No senger éischter EP am Joer 2015 huet hien 2018 seng zweet EP mam Titel "All Talk!" erausbruecht. Mat dëser ass hien dann och an USA an a Groussbritannien op Tour gaangen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Day Wave, Mk.gee, Litany