De lëtzebuergesche Rapper Turnup Tun huet sech fir d'Single "De Gudden" mat der Sängerin Lilou zesummegedoen.

Fakten:

No "Stau" (feat. Nosi) huet den Turnup Tun eng weider Single vu sengem Album "Schlëmme Summer" erausbruecht. Dofir huet hie mam Jil Devresse aka Lilou zesummegeschafft. D'Single "De Gudden" ass virun 3 Joer zu Berlin entstanen an handelt dovunner, wéi et ass an enger Bezéiung ze sinn. An enger Koppel leeft jo bekanntlech net ëmmer alles gutt an et ass schwéier d'Bezéiung oprecht ze halen, besonnesch wann déi éischt Verléiftheet no enger Zäit verschwonnen ass.

Aussergewéinleches:

Den Tun an d'Jil hu sech aus der Schoulzäit kannt an allen Zwee zu Berlin studéiert. D'Jil huet an enger WG mam Tun sengem Brudder gewunnt, deen hatt am Rappen gecoached huet. Et ass dann och net dem Lilou säin éischte Feature op engem Track, schonn op "Alles Gudd" vum Skinny J & luk. hat hatt am Refrain matgesongen. D'Jil Devresse ass virun allem awer och als Schauspillerin ënnerwee an huet zum Beispill an der lëtzebuergescher Serie "Capitani" matgespillt.

Fréier Hits:

Ënnert anerem mat "Alles Versicht" (feat. Maale Gars) hat den Turnup Tun e groussen Erfolleg am Eldoland. Donieft huet hie mam Nosi a "Schëdden" ee vun de Party-Hits aus dem Nuetsliewen geliwwert. D'Single "De Gudden" ass um Rapper sengem drëtten a leschten Album "Schlëmme Summer" mat drop, op deem och KënschtlerInnen ewéi Koko47, Sixo oder OCTO erëmzefanne sinn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Skinny J, Ragga, Maale Gars

RTL

© Tun Tonnar