Haut stelle mer déi nei Party-Single vum Pete Tong zesumme mam Riton an Vula fir.

Fakten:

Am Joer vun de Remakes huet den DJ a Produzent Pete Tong eng ganz nei a modern Versioun vum Farley Jackmaster Funk senger Single "Love Can't Turn Around" aus dem Joer 1986 gemaach. Fir déi nei Versioun huet hien sech Ënnerstëtzung vum brittesche Produzent Riton an der Sängerin Vula gefrot. Zesummen ass eng Party-Single entstanen, déi definitiv an d'Discoen op Ibiza passt, wou de Pete Tong dann och des öfteren opleet.

Aussergewéinleches:

Vue dass de Pete Tong als DJ schonn dacks op der Insel Ibiza opgeluecht huet, huet hien elo eng Rei u Concerten annoncéiert ënnert dem Numm "Ibiza Classics Live". Hei well hien allen Leit déi am Moment net op Ibiza reese kennen dës Musek awer méi no bréngen. Mat dobäi huet hien dann och seng nei EP wou hie mat villen anere Museker an DJen geschafft huet wéi zum Beispill dem "Elderbrook" oder "Kölsch".

Fréier Hits:

Am Joer 2016 huet de Pete Tong säin Album "Classical House" zesumme mam Heritage Orchestra opgeholl an huet domadder d'Platz 1 an de britteschen Charts erreecht. Do waren dann zum Beispill Lidder wéi "Right Here, Right Now" oder "Pjanoo" mat drop.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Armand Van Helden, Faithless, Mark Knight