Den amerikanesche Rapper huet eng nei Single released an der hien ee Klassiker opliewe léisst.

Fakten:

Den 21 Joer alen amerikanesche Rapper 24kGoldn huet dëst Joer mat sengem Album "El Dorado" an dem Lidd "Mood" op sech opmierksam gemaach. Elo ass hie mat senger neister Single "More Than Friends" zeréck. An der Single geet et eigentlech drëm, dass eng Frëndschaft tëschent zwee Mënschen sech och zu méi entwéckele kann. D'Single ass definitiv immens Energie-gelueden a spigelt dem 24kGoldn säi Museksstil rëm.

Aussergewéinleches:

Fir seng nei Single "More Than Friends" huet den 24kGoldn sech um Rap-Klassiker "Just A Friend" vum Biz Markie aus dem Joer 1986 inspiréiert. An der Hook vun der moderner Versioun héiert een dëst dann och direkt eraus. D'Melodie ass och eng déi engem direkt am Kapp hänke bléift och wann een d'Original Versioun net kennt.

Fréier Hits:

Mat sengem Debut Album "El Dorado" an der Single "Mood" konnt den 24kGoldn sech ganzer 8 Wochen op der Nummer 1 vun de Billboard Hot 100 halen. Am ganzen huet den Album och méi wéi 5 Milliarde Streams erreecht a gehéiert domadder zu deene meescht gelauschterten Alben am Joer 2021.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

The Kid Laroi, Lil Modrx, iann dior