Haut stelle mer iech déi nei Single vum amerikanesche Rapper Juice WRLD zesumme mam Justin Bieber fir.

Fakten:

Och wann den Juice WRLD am Joer 2019 verstuerwen ass, ass elo säin aktuellsten Album "Fighting Demons" erauskomm. Op dësem ass dann och d'Single "Wandered To LA" mat drop bei der hien zesumme mam Justin Bieber séngt. An der Single sangen déi zwee driwwer wat déi positiv an déi negativ Säite vun der Staat LA sinn. An der Single seet den Juice WRLD dann och "Meng Albdreem fänken un real ze ginn."

Aussergewéinleches:

Den Juice WRLD sollt am Joer 2019 mat engem Fliiger vun Los Angeles op Chicago fléien. Nodeems d'Police ee Verdacht op Drogen a Waffen u Bord hat, gouf de Fliger bei der Landung ënnersicht an et goufen e puer Kilo Droge wéi och Waffe fonnt. Wéi den Juice World sollt festgeholl ginn, ass hien zesummegebrach. De Pilot sot, de Rapper hätt sech e puer Pëlle just virun der Verhaftung ageworf. Kuerz drop ass de Museker an der Klinik verstuerwen. De Museker war nëmmen 21 Joer al ginn.

Fréier Hits:

Den Juice WRLD huet tëschent 2018 an 2021 4 Studio Alben erausbruecht. Op dëse waren dann zum Beispill Lidder wéi "Lucid Dreams" oder "All Girls Are Same" mat drop, mat deenen den Rapper a sengem jonken Alter schonn zum Mega-Star ginn ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

NAV, Lil Yachty, 6ix9ine