Haut op Silvester stelle mer déi nei Party Single vum Sam Feldt zesumme mat der Sängerin Rita Ora fir.

Fakten:

Den hollänneschen DJ a Produzent Sam Feldt huet sech fir säin neiste Party-Track "Follow Me" Ënnerstëtzung vun der brittescher Sängerin Rita Ora gefrot. Doraus ass eng Single entstanen, déi relax an trotzdeem euphoresch Deeler huet an dem Sam Feldt säi Museksgenre beschreift. An der Single geet et eigentlech dorëms, dass ee well am Liewe fir speziell Mënsche well do sinn an déi ze ënnerstëtzen.

Aussergewéinleches:

Fir den hollänneschen DJ ass een Dram an Erfëllung gaange vue dass hie scho säit laangem een Track zesumme mam Rita Ora wollt maachen, vue dass de Sam Feldt ee grousse Fan vun der Sängerin hirer Stëmm ass. Fir de Museksvideo vun der Single sinn si dann och op Los Angeles geflunn an de Regisseur vum Kygo senge Museksvideoen hat de Museksvideo produzéiert.

Fréier Hits:

De Sam Feldt huet am Joer 2015 seng éischt Musek erausbruecht an huet spéitstens mat sengem Song "Post Malone" zesumme mam RANI den Héichpunkt vu senger Karriär erreecht. Hautzedaags spillt hien doduerch dann och op deene gréisste Festivallen wéi zum Beispill um Tomorrowland oder Ultra Music Festival.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Felix Jaehn, Lost Frequencies, Sigala