De nigerianesche Rapper huet sech mam brittesche Sänger Ed Sheeran fir seng Single "Peru" zesummegedoen.

Fakten:

De Fireboy DML ass ee Sänger a Rapper aus Nigeria, dee mat senge 25 Joer schonn zwee Studio Albe released huet. Elo huet hien dann seng nei Single "Peru" released, fir déi hien sech Hëllef vum brittesche Star-Sänger Ed Sheeran geholl huet. D'Single ass eng Mëschung tëschent Reggae a R&B dee vum Ed Sheeran senger onverkennbarer Stëmm ofgeronnt gëtt.

Aussergewéinleches:

Fir Fireboy DML war dës Zesummenaarbecht een immens grousse Moment an hien hofft, dass an Zukunft nach déi eng oder aner Single zesumme mam brittesche Sänger wäert erauskommen. Et wier och wichteg fir den Afrobeats Genre fir mat aneren internationale Kënschtler zesummen ze schaffen. Hien sot dass et nach net esou dacks zu esou Kollaboratioune komm wier an dass dat definitiv eng gutt Saach fir déi zwou Museksrichtunge wier.

Fréier Hits:

Mat sengem éischten Album "Laughter, Tears and Goosebumps" huet de Fireboy DML am Joer 2019 déi éischt Schrëtt a senger Karriär gemaach. mat deenen 13 Tracks déi um Album mat drop waren hat hien a ganz kuerzer Zäit iwwer 6 Millioune Streams op Spotify erreecht a krut vun de Kritiker nëmme positive Feedback

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

L.A.X., Falz, DJ Tunez