De lëtzebuergesche Rapper Maale Gars huet een neien Track released.

Fakten:

Den Thomas Roland alias Maale Gars huet sech an deene leschte Joren an der nationaler Hip-Hop Zeen een Numm gemaach. Elo ass de jonke Rapper da mat senger neister Single "Zevill Gespillt" zeréck. An dëser erzielt hien d'Geschicht vun engem Kolleeg, dee sech an ee Meedche verléift huet. Hatt hëlt hien awer net seriö a stempelt hie just als "Player" of. D'Single ass ganz am Museksstil vum Maale Gars an huet trotz de bësse méi presente Beats eng ganz emotional Geschicht ze erzielen.

Aussergewéinleches:

Mat senger Single "Alles Versicht" aus dem Joer 2020 haten de Maale Gars an den Turnup Tun et an d'Spotify Viral 50 fir Lëtzebuerg gepackt. Och wann de Maale Gars berufflech éischter eppes ganz aneschters mécht, da kann hien awer trotzdeem ëmmer rëm fir eng Iwwerraschung suerge wann hien dann eng nei Single released.

Fréier Hits:

De Maale Gars ass duerch säin Hit "Alles Versicht" zesumme mam Turnup Tun an der lëtzebuergescher Museksbranche berüümt ginn. Mee och mat Lidder wéi "Cogito Ergo Mal" oder "Kee Vu Menge Bridder" konnt hien seng Fans begeeschteren an op diverse Büne fir gutt Stëmmung suergen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Turnup Tun, Tommek, Ragga