Haut stelle mer déi nei Single vum puerto-ricanesche Rapper Iann Dior fir.

Fakten:

Am Joer 2022 wäert de puerto-ricanesche Sänger a Rapper Iann Dior säin neien Album "On To Better Things" releasen. Op dësem ass dann och seng nei Single "Let You" mat drop. D'Single huet den typeschen Iann Dio Gittaren-Sound an et kléngt einfach ganz easy a relax. Am Text geet et dann awer em bësse manner "relax" Themen an zwar wéi een eng Bezéiung déi eriwwer ass richteg soll verkraaften.

Aussergewéinleches:

Am Museksvideo vun der Single "Let You" huet den Iann Dior Zeenen aus engem Zirkuszelt bei enger Freakshow animéiert, déi seng Gefiller soll weisen an domadder d'Single soll beschreiwen. De Museker selwer ass trotz sengem Erfolleg ganz normal bliwwen an huet zum Beispill mat senger éischter Pai senger Mam een Haus kaaft. Hien hellt net vill dovunner wann een sech duerch seng Berüümtheet veränneren.

Fréier Hits:

Berüümt ginn ass den Iann Dior dann awer duerch seng Kollaboratioun mam 24K Goldn bei der Single "Mood". Mat dëser stoungen déi zwee Museker weltwäit ganz uewen an den Charts an hunn op Spotify och schonn iwwer 1,3 Milliarde Streams erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

24K Goldn, Internet Money, The Kid Laroi