De Flo Rida ass mat enger ganz neier Single zeréck!

Fakten:

Den amerikanesche Sänger a Rapper Flo Rida huet sech an den 2010er Joren ee groussen Numm an der Pop-Zeen gemaach. Elo ass hien zeréck mat enger ganz neier Single mam Numm "Wait". Am Text vun der Single séngt de Flo Rida doriwwer, dass hien sech an enger ganz besonnescher Persoun verléiert an doduerch net méi weess wat en mëscht. D'Single ass awer esou produzéiert, dass een direkt eraushéiert vu wiem se ass an den onverkennbare Flo Rida Stil ass net ze iwwerhéieren. Et kéint ee bal mengen et wier een zeréck am Joer 2012.

Aussergewéinleches:

Wéi de Flo Rida am Joer 2007 de Song "Low" zesumme mam Rapper T-Pain op de Marché bruecht huet, hätt hien sech deen Erfolleg ni virstelle kennen. Ënnert anerem gouf de Song fir de Film "Step Up To The Streets" benotzt an huet mat iwwer 470.000 Downloads an enger Woch een neie Rekord opgestallt. Haut héiert een dëst Lidd nach ëmmer an den Diskoen.

Fréier Hits:

De Flo Rida hat seng gréissten Hits mat Lidder wéi "Good Feeling" "Low" zesumme mam Rapper T-Pain oder och nach "Whistle". Seng Lidder gehéieren och haut nach an all gutt DJ Set an och déi jonk Leit kennen d'Songs nach all. Säi Lidd "My House" aus dem Joer 2015 huet dann op Spotify schonn iwwer 800 Millioune Streams erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Taio Cruz, will.i.am, Pitbull