Den DJ Alesso huet eng nei Single "When I'm Gone" zesumme mam Katy Perry released.

Fakten:

Den DJ Alesso huet fir seng neiste Single mat der amerikanescher Sängerin Katy Perry zesummegeschafft. Dobäi ass d'Single "When I'm Gone" entstanen, déi eng gutt Mëschung tëschent Dance a Pop Musek duerstellt. Dës Single ass dann och déi éischte Kéier, dass des Museker zesummeschaffen. An der Single séngt d'Katy Perry dovunner, dass hat vun enger ganz bestëmmter Persoun zeréckgelooss gouf. Et ass also eng zimmlech emotional Single, déi trotzdeem mat elektronesche Beats ënnerluecht ass.

Aussergewéinleches:

Den 10. Januar 2022 wäerten den Alesso an d'Katy Perry dann och wärend der Final vum College Football de Museksvideo zu der Single presentéieren. Fir d'Katy Perry geet awer och lo eng ganz speziell Zäit un vue dass hat bis de 25. Mäerz wäert eng Rei "Residence Concerts" zu Las Vegas spillen. Net vill Museker hunn des Chance fir direkt esou vill Concerten do kennen ze spillen.

Fréier Hits:

Den 30 Joer ale schwedeschen DJ Alesso huet scho frei ugefaange Musek ze maachen. Hien huet am Joer 2011 säin Duerchbroch mat der Single "Pressure" gehat. D'Katy Perry ass definitiv ee Pop-Star. Hat huet et duerch Songs wéi "Dark Horse" oder "Roar" bis ganz uewen un d'Spëtzt vun der Museksbranche gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Doja Cat, Swedish House Mafia, Axwell