Haut stelle mer dem Joe Jonas seng neiste Single"Go It Alone" vir.

Fakten:

Den Joe Jonas huet am Joer 2011 säin éischte Solo-Album released. Elo huet hien am Kader vum Paramount Film "Rumble" seng neiste Single "Go It Alone" released. Am Kannerfilm geet et em Monsteren déi am Wrestling-Sport doheem sinn an doduerch Superstar-Athlete sinn. D'Teenagerin Winnie well am Film sengem Papp seng Karriär nomaachen. Och wann hat éischter een Aussenseiter ass well hat eng Kéier Champion ginn.

Aussergewéinleches:

Dem Joe Jonas seng Karriär huet zesumme mat senge Bridder am Joer 2005 mat der Band "Jonas Brothers" ugefaangen. Mat dëser Band konnt hien an dene leschte Jore vill Erfolleger konnt féieren. Des weideren ass den Joe Jonas och nach Schauspiller an huet a Filmer wéi "Camp Rock" oder "Nachts im Museum" matgespillt.

Fréier Hits:

Den Joe Jonas ass duerch seng Filmer an d'Musek an dëse berüümt ginn. Awer och zesumme mat senge Bridder an der Band Jonas Brothers huet hie mat Lidder wéi "Sucker" oder "Leave Before You Love Me" d'Chart dominéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Nick Jonas, Selena Gomez, Jonas Brothers