Haut presentéiere mir iech dem Stromae seng nei Single "L'enfer"!

Fakten:
De 4. Mäerz 2022 bréngt de Stromae säin neien Album "Multitude" eraus. No "Santé" huet hie leschte Sonndeg mat "L'enfer" eng weider Single-Auskopplung erausbruecht. Am Song probéiert hie seng emotional lescht Joren ze verschaffen. De Museker hat mat engem Burn-Out a wéi hie séngt och mat Selbstmord-Gedanken ze kämpfen an hat dowéinst eng musikalesch Paus ageluecht. "Du coup, j'ai parfois eu des pensées suicidaires/J'en suis peu fier/On croit parfois que c'est la seule manière de les faire taire/Ces pensées qui me font vivre un enfer".

Aussergewéinlech: 
Aussergewéinlech ass se definitiv, d'Aart a Weis wéi de Stromae "L'enfer" presentéiert huet. An zwar war hien e Sonndeg den Owend fir d'Prime Time op Besuch am 20:00-Auer-Journal beim franséische Fernseesender TF1. Fir d'éischt gouf hie vun der Presentatrice Anne-Claire Coudray interviewt a matzen dran huet hien ugefaange säin neie Song ze sangen!

Fréier Hits:
Mat Singlen ewéi "Alors on danse", "Papaoutai" oder "Tous les mêmes" an dem Album "Racine Carrée" ass de Stromae an den 2010er Joren weltwäit bekannt ginn. D'lescht Joer am Oktober huet hie mat "Santé" säi grousse Comeback gefeiert!

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Gims, Angèle, Zaz & Soprano