Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Ella Henderson!

Fakten:
Ganzer 8 Joer sinn zanter dem Ella Henderson sengem Debut-Album vergaangen. 2022 mellt hatt sech mam Nofollger "Everything I Didn't Say" zeréck. De Longplayer kënnt den 11. Mäerz eraus. Mat "Brave" ass elo schonn déi éischt Single-Auskopplung dobaussen! Et ass e staarken a motivéierende Song, an deem d'Ella doriwwer séngt, dass ee sech, och wärend sengen däischterste Stonnen, ëmmer op d'Hëllef vu senge Léifste verloosse kann.

Aussergewéinleches:
Mat 16 Joer hat déi brittesch Sängerin Ella Henderson 2012 bei der Casting-Show "The X Factor" matgemaach a war dobäi ënnert déi lescht 6 komm. Ënnert anerem géint de spéidere Gewënner James Arthur war hatt deemools erausgeflunn. No sengem Nummer-1-Debut-Album "Chapter One" (2014) hat d'Ella awer Problemer mat deem plëtzlechen Erfolleg a Star-Liewen eens ze ginn an huet decidéiert eng Paus anzeleeën.

Fréier Hits:
Zesumme mam Ryan Tedder hat d'Ella Henderson no senger Participatioun bei "The X Factor" seng Debut-Single "Ghost" geschriwwen. Esouwuel domat ewéi och mam Debut-Album "Chapter One" hat d'Sängerin et direkt op d'Eent an de UK-Charts gepackt. An deene leschte Joren huet d'Ella Henderson virun allem Kollaboratiounen mat groussen DJs a Produzenten erausbruecht, zum Beispill "Here For You" (Kygo), "This Is Real" (Jax Jones) oder "We Got Love" (Sigala).

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Dua Lipa, Anne-Marie, Rita Ora & Jess Glynne