Haut presentéiere mir deen allerleschte Song vum Felix Kummer!

Fakten:
Am Juni 2019 hat de Kraftklub-Frontmann Felix Kummer seng Solo-Karriär als Rapper nei lancéiert. Do virdrun hat hien ënnert anerem e puer Features op Songs vun Trettmann a Kitschkrieg. No sengem Album "Kiox" ass dann elo Schluss. Mat "Der letze Song (Alles wird gut)" huet de Felix wuertwiertlech deen allerleschte Song mam Projet "Kummer" erausbruecht. Matgewierkt huet och den Giant-Rooks-Sänger Fred Raabe, deen de Refrain vum Song op Däitsch séngt. Ewéi beim Kummer üblech däerf ee keng Gutt-Laun-Floskelen oder Texter déi opmonteren erwaarden, dofir géif et an eiser Welt nämlech aktuell keen Ulass ginn.

Aussergewéinleches:
D'Zil vum Felix Kummer war et schonn ëmmer keen typeschen Hit ofzeliwweren. Hie beliicht eben och emol gär déi negativ Säiten am Liewen. "Ich würde jedes Mikrofon nutzen, um Therapien zu promoten!" Bis September dëst Joer wäert de Kummer säin Abschid nach op senger Tour feieren, duerno wëll hie seng ganz Energie erëm an d'Band Kraftklub stiechen.

Fréier Hits:
Mat Lidder ewéi "Mit Dir", "9010" oder och "Wie viel ist dein Outfit wert?" konnt de Kummer grouss Erfolleger feieren. Mat sengem Album "Kiox" sollt hien et direkt op d'Plaz 1 an den däitschen Charts packen. Fir d'Promotioun vun deem Longplayer hat hien a senger Heemecht Chemnitz iwweregens en eegene Plackebuttek opgemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Alligatoah, Giant Rooks, Marteria & Kraftklub