Fir de Weekend anzelauden gëtt et haut am Xclusiv e bësse méi dancy!

Fakten:
Den Toby Romeo ass en DJ a Produzent aus Éisträich, deen ënnert anerem schonn um Parookaville an dem Electric Love gespillt huet. Aktuell steet hie beim Major-Label Universal ënner Vertrag. Fir seng aktuell Single "Reminds Me Of You" huet hie mam brittesche Singer/Songwriter Moss Kena zesummegeschafft. Dësen huet zum Beispill scho mat Gréissten ewéi dem Purple Disco Machine zesummegeschafft ("Fireworks").

Aussergewéinleches:
2018 huet den Toby Romeo bei enger Show an Italien als Opening-Act virum Felix Jaehn gespillt. Déi Zwee hu sech kennegeléiert an zesummen u verschiddene Projeten geschafft. De Jaehn huet sech mat der Zäit zu enger Aart Mentor entwéckelt an huet den Toby ëmmer méi ënnert seng Fitticher geholl. Den Éisträicher huet dunn eng ganz Partie Remixes vu Felix-Jaehn-Songs erausbruecht ("All The Lies", "SICKO") an dem Felix Jaehn säi "Some-Say"-Remix mat produzéiert. Schliisslech hunn déi zwee mat "Where The Lights Are Low" hiren éischte gemeinsamen Track erausbruecht.

Fréier Hits:
Duerch säin Talent an de Support vum Felix Jaehn huet den Toby Romeo sech lues a lues en Numm an der Zeen gemaach. "Where The Lights Are Low" hat et an Éisträich an Däitschland an d'Charts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Robin Schulz, Purple Disco Machine & Alle Farben