Haut presentéiere mir iech d'Single "Cool It Down"!

Fakten:

Déi Australesch Band Coterie huet hir neiste Single "Cool It Down" released. An dëser Single probéiert d'Band eng Sonnenexplosioun duer ze stellen. Dëst mat Hëllef vun enger Rythmusgrupp voller Power. Och wann et am Moment hei net esou wierklech summerlech ass, huet dës Single "Cool It Down" awer eng Rei Saache mat u Bord, déi eigentlech an eng Summer-Single géife passen. Elementer vu Reggae, Indie Pop a Surf-Rock ginn hei matenee verbonnen  a suergen dofir vir gutt Laun beim lauschtere vun der Single.

Aussergewéinleches:

Déi 4 Museker vun der Band Coterie hunn dësen Track doheem zu Perth an hirem eegen Home-Studio geschriwwen an och opgeholl. Dat ganzt ass eigentlech ganz praktesch vue dass d'Band aus de Fisher-Bridder besteet. Duerch hir Léift zu der Musek, hunn si ugefaangen doheem Musek ze maachen an ze probéieren. Doduerch ass d'Band Coterie dann entstanen.

Fréier Hits:

Am Joer 2019 hunn déi 4 Bridder no enger Rei Jore probéieren doheem an der Stuff hir éischt Single "Where We Began" erausbruecht. An  Zwëschenzäit huet d'Band Coterie scho 5 Singles erausbruecht déi all een zimmlech eegene Stil hunn. Mir kennen also gespaant sinn, wat nach alles vun der Famill Fisher als Band Coterie nach wäert kommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Muroki, Nico Walters, 1814, Kora